top of page

Gebrauchsuweisung

Mode d'emploi Fig1.png

Fig. 1

Wann net am Gebrauch, kann d'Sourdinn op der 2. oder 3. Säit, hannert dem Steeg, mat de klengen elastesche Këssen, mat deenen se ausgestatt ass, ageklemmt ginn. Dës sinn entworf fir op vill Duerchmiesser vu Säiten ze passen, egal ob se metallgewéckelt oder aus purem Daarm sinn.

Mode d'emploi Fig2.png

Fig. 2

D'Sourdinn funktionéiert andeems se op de Steeg opgesaat gëtt, mat sengen zwee méi kuerze Been vis-à-vis vum Fangerbriet an déi zwee méi laang vis-à-vis vum Säitenhalter.

Illustration 3.jpg

Fig. 3

Fir d'Sourdinn zréck an „d'Raschtpositioun" ze bréngen, dréckt een se géint d'Säit, an et ruscht een se Richtung Säitenhalter - dës Queeschbeweegung suergt fir eng besser Fixatioun vun der Sourdinn. Befestegt d'Sourdinn net un den Textildeel um Enn vun der Säit, dëss kinnt soss beschiedegt ginn, an et riskéiert een datt d'Sourdinn géif eroffaalen. Fixéiert se ëmmer op den Metall- respektiv Daarmdeel vun der Säit.

bottom of page